Fir déi Kleng ass et e grousst Erliefnes, awer och Erwuessener erënnere sech gären … zum Beispill un d’Geschicht vun der Stadmaus an der Landmaus. D’Landmaus lieft glécklech an hirem Lach um Bord vum Feld, bis hir Kusinn, d’Stadmaus, opdaucht … “Wat hues du dach e Misärs-Liewen hei um Land”, huet d’Stadmaus gemengt, “an den Haiser vun de Mënschen liefs du am Floribus!” An esou ass d’Landmaus an d’Stad geplënnert. Nëmme mat der Hauskaz hat si net gerechent…. 

Wee virwëtzeg ass an d’An an d’Oueren op hält, gëtt belount: An de verzauberten Heisercher am Bësch vum Parc Merveilleux kann een dem Schneewittchen, dem Rotkäppchen oder dem gestiefelte Kater begéinen, die hir Aventuren verzielen. 

D’Märche ginn duerch beweegte Marionetten an de Fënsteren duergestallt a begleed vu Musék an engem Erzieltext (op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch).  

Déi grouss Spillplaz déi zentral am Park läit, lued zum stonnelange Kloteren, Rutschen an Turnen an. Hei kann ee villes spilleresch entdecken a vill dobäi léieren: iwwer d’Déieren aus dem Bësch, Schallwellen, wëll Beien an HarespelenD’Waasserspillplaz ass eng beléifte Plaz wann et waarm ass. Um Minigolf am Bësch kann een 18 Bunne spillen (Präis: 3,5 Euro). 

De Parc Merveilleux ass deen eenzegen Déierepark zu Lëtzebuerg. Och wann een hei keng grouss Zoo-Déieren wéi Elefanten, Giraffen oder Léiwe fënnt, kann een der hei vill entdecken. Am Park ginn et bal 200 Déierenzorten aus 5 Kontinenter: Afrika, Amerika, Australien, Asien an Europa. 

An d’Déierenheiser Mahajanga an Amazonia kann een era goen an d’Déieren do kucken. An am Minizoo kënnen Zwerggeessen souguer geheemelt ginn. Un d’Lamaë kënnt een esou no erun dass ee muss oppassen, net ugespaut ze ginn. 

Opgepasst: déi meescht Déieren däerfen net gefiddert ginn, well si e festgeluechte Fidderplang hunn. Fir verschidden Houfdéieren kann allerdengs am Shop Spezialfudder kaaft ginn. 

Féierunge fir Schoulklassen 

D’Zooschoul vum Parc Merveilleux bitt Schoulklassen, Maison Relais a Verainer iwwer d’ganzt Schouljoer pädagogesch Workshops a Féierungen un (Méindes bis Freides an an de Vakanzen a Samschdes op Ufro). Bei de Féierungen léieren d’Schülerinnen an d’Schüler duerch Erkläerungen, Beobachtungen, Vergläicher, kuerz Aktivitéiten a Spiller vill Iwwerraschendes an Interessantes iwwer d’Déieren, déi am Park liewen, awer och iwwer aner Déieren an hire Liewensraum. 

Opgepasst: D’Zooschoul ass momentan zou. Schouklassen kënne sech awer per Mail umellen, andeems si de geneen Datum vun der Visitt uginn an d’Unzuel vun der Participantën.   

Informatioune fir Elteren: 

  • De Märchepark an der Munnerëfer Stross ass tëschtent dem 27. Mäerz an dem 10. Oktober 2021 all Dag vun 9.30 bis 19.00 op. D’Keess geet Moies um 9.30 op a bleift dat bis 18.00. D’Entréeësticketen mussen iwwer d’Websäit vum Parc Merveilleux reservéiert ginn: https://parc-merveilleux.lu. Et ass och méiglech, virun der Visitt eng Lunchbox iwwer d’Websäit ze bestellen. 
  • Entrées-Präisser: 10 Euro fir Erwuessener. Kanner (3-14 Joer): 7 Euro; Saisonskaart (perséinlech): 65 Euro. Déi kritt een awer just an der Entréeskeess. 
  • Opgepasst: Wéint Covid-19 mussen all Kanner iwwer 6 Joer iwwerall am Park Masken unhunn. Och soll en Ofstand vun 2 Meter agehal ginn. 
  • De Mini Zuch gëtt momentan restauréiert an ass eréischt ab Ufank Juni neess am Betrib. 
  • Just verschidden Deieren däerfe mat Spezialfudder am Bëschberäich gefiddert ginn. All aner Déieren däerfen net gefiddert ginn.  
  • Muppen (an der Léngt) sinn a ville Beräicher wëllkomm, mat Ausnahm vun den Déierenheiser (Amazonia, Mahajanga), am Streichelzoo an op de Spillplazen.  
  • Adress & Kontat: Parc Merveilleux,  Route de Mondorf, L-3260 Bettembourg, Luxemburg. Telefon: +352 51 10 48-1. Mail: parc@parc-merveilleux.lu. Gratis Parkplaze ginn et virum Park.
  • Dohinner kënnt een och mam Zuch: Mat der Linn 60 Luxembourg – Esch bis Beetebuerg a vun do aus  mat dem Shuttle-Bus. Sonndes an d’Feierdeeg fiert e Gratis-Shuttle tëschent dem Parc Merveilleux an der Beetebuerger Gare all Véierelsstonn vun 13.15 bis 19.15.