De Wee ass mam Symbol vun enger Waasserdrëps gekennzeechent a féiert erof an d’Däller vun der “Millbesch” an der “Grondmillebaach”, dono iwwer d’Flouer “Pëtzbech” zréck bei de Startpunkt. Un den eenzele Statioune kann een d’Thema Waasser erliewen. Dëse Wee kann ee ganz gutt mat Kanner maachen. Ënnerwee ginn et kleng Naturerliefnesstatiounen, déi des Wanderung spannend an ofwiesslungsräich maachen.
Informatiounen fir d’Elteren:
- Start an Zil vum Wee ass de Busarrêt an der Mëtt vun Eschduerf. Dee Wee ass ongeféier 4,5 Kilometer laang. D’Wanderung brauch ongeféier zwou Stonnen.
- An der Stauséiregioun ginn et eng Hellewull vu schéine Wanderweeër, en Kaart fannt Dir zum Beispill hei.
- Eng Lëscht mat den thematesche Wanderweeër am Naturpark Öewersauer gëtt et hei.