Am Kanton Réiden an an der Gemeng Mäerzeg (Kanton Dikrech) ginn et elo 20 kleng Trëppeltier fir Familljen mat Aufgaben fir d’Kanner. Op all Trëppeltour si 4 Schiferplaquetten mat engem Hiwäis op een Déier verstoppt. Halt d’Aen also op, ëmsou méi d’Plaquetten heiansdo liicht verstoppt sinn, well Planzen driwwer gewuess sinn. Wann een op mannst 15 Déieren entdeckt huet, da kann een ee “Safari-Survivor Diplom” kréien. Fir Är Entdeckungen ze dokumentéieren gëtt et e gratis Bichelchen mat villen Informatiounen iwwer déi verschidden Trëppeltier. D’Bichelchen gëtt et op all Gemengen am Kanton Réiden an an der Gemeng Mäerzeg, wei och am Tourismusbüro zu Useldeng oder op hire Websäiten.

Wichteg Informatiounen fir d‘Visiteuren

  • D’Participatioun ass gratis an et brauch ee sech net am viraus unzemellen.
  • D’Trëppeltier si jeeweils 3-5km laang. Eng laang Box an zoue Schong gi recommandéiert.
  • Net all Tour ass markéiert, duerfir gëtt geroden, sech d’Bichelchen ze besuergen oder d’Kaart als GPX oder KML Datei erofzelueden. Méi dozou gëtt et hei.