Déi gréisst Foire ënner fräiem Himmel zu Lëtzebuerg geet vum 1. bis den 3. Juli zu Ettelbréck iwwert d’Bün. Iwwer 300 Aussteller aus der Welt vun der Landwirtschaft waarden op d’Visiteuren. D’Foire Agricole ass eng incontournabel Renconter vun de Professionellen aus dem Secteur, mee och d’Geleeënheet, fir regionale Produiten virzestellen. Et ass och e ganz beléifte Rendezvous fir d’Kanner. Nieft den Déieren, déi ee heemele kann, bidde vill Stänn Spillsaachen a Saache fir ze schmaachen. Vill Atelieren a Spektakele fir Kleng a Grouss stinn um Programm.

Méi Informatiounen

  • De komplette Programm an Entréesbilljeeën kritt een online op www.fae.lu