Dëse “Bed an d Breakfast fir Bestëbser” bitt mat Ausflich an Atelieren eng ganz Rëtsch Geleeënheete fir déi faszinéierend Welt vun de bestëbsenden Insekten ze entdecken an ze léiere wéi mer dës wichteg kleng Déiercher kënne schützen an hinnen hëllefen hier Aarbecht ze maachen.

Et ginn 5 einfach Aktioune fir d’Bestëbser:

  • Méi Blummen, Sträich a Beem planzen
  • Bësse Plaz fir déi wëll Natur loossen
  • Manner dacks d’Gras méinen
  • D’Insekten net an hirem Nascht oder hirer Iwwerwanterungsplaz stéieren
  • D’Natur net vergëften

Erklärungen zu dësen Aktioune fënnt een am Detail op www.bbweeks.lu

 

An do och e ganze Kalenner, hei e puer Rendezvous’en erausgepickt:

Op der Spuer vun de Bestëbser

  • Wéini? Freideg, 27. Mee 2022 vu 14.00 bis 17.00
  • Fir wien? Kanner vu 6 Joer un, si ginn equipéiert mat Entdeckergilet’en fir dann eegestänneg ze fuerschen an ze entdecken
  • Wou? Naturpark Uewersauer
  • Umeldungen: bis de 25. 05. Um Telefon 8993311 oder via mail op info@naturpark-sure.lu

Porte Ouverte vum Projet Wëllplanzesom Lëtzebuerg

  • Wéini? Samschdeg, 28. Mee 2022 vu moies 10 bis mëttes um 15 Auer
  • Wou? zu Koplescht, Treffpunkt ass um Feldwee vu Koplescht Richtung Steesel
  • Umeldungen: bis de 26. Mee op lisa.sibenaler@sicona.lu oder um Telefon 26 30 36 38
  • Den noste Busarrêt ass Kopstal, Bréck

Orchideen und Insekten

Fliegende Juwelen – die bunte Welt der Tagflugfalter

  • Wéini? Sonndeg, 29. Mee 2022 vu 14 bis 16 Auer
  • Wou? Grotte Troine, 9772 Wintger, Luxemburg
  • Hei kritt ee gewisen dass Dagespäiperleken net nëmme schéin ze kucke sinn, mais och wat hier Aufgaben am Ökosystem sinn a firwat et verschiddene vun hinnen net gutt geet
  • Umeldungen: bis de 27.05.2022 um Telefon 9081 88 1, oder per Mail un insekten@naturpark-our.lu

All weider Rendezvousen am Kader vun de BBWeeks fënnt een op der Säit www.bbweeks.lu