Am Kader vun der Campagne « En Dag an der Natur » proposéiert de Natur- a Bëschzenter Ellergronn den 1. Mee vu 14h bis 17h en Atelier fir mat de Faarwe vun der Natur ze molen. Do brauch ee just Kreativitéit, graffe Pabeier an d’Natur fir impressionnant Biller ze schafen. D’Participante maachen dann och zesummen e Meekranz.

Méi Informatiounen

  • Et muss ee sech bis den 29. Abrëll umellen: +352 24 75 65 10 oder ellergronn@anf.etat.lu
  • D’Participatiounsfraisen leien bei 5 Euro fir Erwuessener a bei 3 Euro fir Kanner.
  • Den CNF Ellergronn läit Rue Jean-Pierre Bausch op L-4114 Esch-Uelzecht. Busarrêt nobäi: Esch/Alzette, Place Pierre Ponath