D’Joer 2022 start am Natur– a Bëschzenter Biodiversum zu Rëmerschen mat enger participativer Ausstellung vu Fairtrade Lëtzebuerg. Test Äert Wëssen iwwer d’Auswierkungen vun Ärem deegleche Konsum op d’Ëmwelt, iwwer d’Äntwerten op d’ekologesch Erausfuerderungen an d’Léisungen fir e Bäitrag zu engem positiven ekologesche Foussofdrock. Den onofhängege Fairtrade-Label steet fir sozial Gerechtegkeet fir Klengproduzenten an Aarbechter an Afrika, Asien a Latäinamerika. D’Ausstellung bitt e spannende Begleedprogramm:

15. Januar vun 13.30 bis 15.30: Rallye Fairtrade fir Gruppen a Familljen mat Kanner ab 6 Joer

25. Januar vun 14.00 bis 16.00: Workshop Anna Banana fir Kanner vun 8 bis 12. 

1. Februar vun 14.00 bis 16.00: Workshop Wou kënnt mäin T Shirt hier? Fir Kanner vu 10 bis 12. 

8. Februar vun 14.00 bis 16.00: Workshop Schokotastisch. Fir Kanner vun 8 bis 12. 

15. Februar vun 14.00 bis 16.00: Märcheliesung “La plume magique” op Franséisch

27. Februar vun 14.00 bis 16.00: Kino “River Blue” mat Froen an Äntwerten. Ab 16 Joer.  

Méi Informatiounen 

  • Aschreiwungen iwwer events.fairtrade.lu
  • Hei geet et bei d’Websäit vum Biodiversum.  
  • Ëffnungszäiten Biodiversum: Dënschdeg-Sonndeg 10:00-17:00  
  • Adress: 5 Breicherwee L-5441 Schengen