Ëmmer der Fliedermaus no! D’Weeweiser mat hirem Bild féieren duerch fréier oppe Minnen mat mysteriéisen Höhlen an déiwe Lächer, duerch Schluchten am roude Fiels, duerch roueg Bëscher a souguer duerch Schrebergäert. Um Léierpad Natura 2000 am Ellergronn (Esch-Uelzecht) léiert een op jidde Fall vill dobäi.
De Pad ass ënnerdeelt an dräi verschidde Schläifen, déi all Kéiers engem Thema consacréiert sinn. 2,5 km laang ass déi kierzte Schläif, déi beim Escher Déierenheem ufänkt. Si ass gutt fir ongeübte Wanderer a Familljen mat klenge Kanner ze bewältegen a weist, wéi d’Natur déi fréier oppe Minnen an der Géigend an nëmmen e puer Joerzéngten zréckeruewert huet.
D’Schläif Nummer 2 (4,5 km) fänkt am Park Gaalgebierg un a befaasst sech mam Thema Notzung vun den Erzofbauflächen fréier an haut. D’Schläif Nummer 3 start beim Natur- a Bëschzenter Ellergronn. Si féiert op 5 km haaptsächlech duerch de Bësch an hannerfreet d’Verhältnis vun de Mënschen zum Bësch.
Natierlech kann een d’Schläifen och kombinéieren a si all eng no der aner maachen. Fir déi 12 km mat e bëssen Op an Of brauch ee ronn 3 Stonnen, e bësse méi laang wann ee munchmol eng Paus maache wëll.
Informatiounen fir d’Elteren:
- De Streckeplang fir d’Naturpadschläifen gett et hei. D’Schläifen A a B sinn éischter net fir Kannerkutschen gëeegent.
- Méi iwwer den Natur- a Bëschzenter Ellergronn gëtt een hei gewuer.
- Et gi grouss Parkingen am Ellergronn. Et kann ee sech awer och bequeem mam Bus dohi féiere loossen (TICE – Ligne 12. Arrêt Pierre Ponath) oder sech e Vël’OK ausléinen.
- Den Zenter bitt reegelméisseg Aktivitéiten un. De Joresprogramm gëtt et hei.
- Vum 3. bis de 6. Juni lafen d’”Deeg vun der Biodiversitéit” an de 6. Juni gëtt et souguer e “Family Day” mat spannende Workshops. De Programm fënnt een hei.
- Apropos Biodiversitéit: Momentan an nach bis de 6. Juni sinn all Awunner a Gäscht am Minett opgeruff, bei der Aktioun “BioBlitz” vun der Minett UNESCO Biosphere matzemaachen. Iwwer d’iNaturalist-App soll ee Biller vun Déieren, Insekten, Planzen a Pilzen eroplueden. Sou hëlleft een der Wëssenschaft, d’Aartevillfalt am Minett besser kennen ze léieren. Méi zu dëser Aktioun gëtt et hei.
- D’Industriegeschicht vun der Géigend léiert een am Musée vun der Cockerillgrouf kennen. Et läit direkt nieft dem Natur- a Bëschzenter.