Wéi wann e Schëff am Séi vum Haff Réimech géif schwammen: Esou gesäit de Biodiversum vu wäitem aus. En ass op enger kënschtlecher Insel gebaut ginn, um Fouss vun de Wäibierger am Naturschutzgebitt “Haff Réimech”. Um Rez-de-Chaussée ginn ënner anerem d’Geschicht vum Naturschutzgebitt an d’Ënnerwaasserwelt presentéiert. Um éischte Stack léiert ee vill iwwer d’Vullen- a Planzewelt, aner Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg, den Ëmweltschutz an d’Nohaltegkeet. Déi Visitt léist sech wonnerbar mat engem Rondgank duerch d’Naturreservat verbannen, dat fir seng grouss Diversitéit u Vullenaarten a seng räich Flora a Fauna geschat gëtt. An de Baggerweieren niewendrun kann ee sech am Summer gutt ofkillen. De Biodiversum ass Start an Zil vum Rondwee duerch den “Haff Réimech”, den ongeféier 4 Kilometer laang ass. Wee Loscht huet, kann awer och dee ronn 7 Kilometer laangen Naturlehrpfad “Kuebendällchen” maachen. Dee start beim Kierfecht zu Wëntreng no bei Remerschen a féiert aus dem Dall erop duerch de Bichebëscht op de Plateau iwwert der Uertschaft. Iwwer de “Steppchen” an de “Fëlsberg” geet et dann zréck an den Dall zum Ausgangspunkt. Dee léierräiche Pad bitt wonnerschéin Aussiichten op de Museldall.   

Informatioune fir d’Elteren:  

  • De Biodiversum läit um 5 Breicherwee, 5441 Schengen, net wäit vun der Jugendherberg. Et gi Parkplazen no dobäi.   
  • D’Entrée an de Biodiversum ass gratis. Et bitt zu jidder Zäit spilleresch Aktivitéite fir Kanner awer och e räichhaltege Programm mat Aktivitéiten fir Grouss a Kleng.    
  • Am Biodiversum ginn et vill ausgestoppten Déieren. Passt op, dass d’Kanner se net upaken.   
  • Op ass de Biodiversum vum 1. Abrëll bis 31. Oktober vun dënschdes bis sonndes vun 10.00 bis 18.00. Vum 1. November bis 31. Mäerz ass en vun dënschdes bis sonndes vun 10.00 bis 17.00 op.   
  • Hei fënnt ee méi Informatiounen iwwer d’Réserve naturelle “Haff Réimech”.   
  • Fir den Naturléierpad “Kuebendällchen” kënnen och Féierunge gebucht ginn. Dee Wee ass awer fir Poussetten éischter net gëeegent.