Natur a Landschaft op eng besonnesch Aart a Weis erliewen, mat Geschichten andauchen an eng längst vergaangen, awer net vergiessen Zäit: dat kann ee bei enger Erzielwanderung. Den 3. Juli ass esou eng Wanderung vun 11.00 bis 15.00 ronderëm d’Misärsbréck tëschent Bauschelt an Ueschdref.

Weider Informatiounen

  • D’Participatioun ass gratis, et muss ee sech awer umellen: info@naturpark-sure.lu oder Tel: +352 899331 1.
  • Bréngt Äre Picknick mat.