Dës Geeschter goufe fréier niewent de Ställ opgestallt, fir d’Béischte viru Krankheet ze schützen an d’Geeschter di sech iwwer d’Summerméint an de Ställ gesammelt haten ze verdreiwen. Fir un dës Traditioun ze erënneren organiséiert d’Robbesscheier zu Munzen zwëschen dem 23. Oktober an dem 5. November verschidden Aktivitéiten Aus Holz an Naturmaterialie kann een eng Halloween-Figur bastelen, aus Woll e klengt “emotionaalt Monster” bastelen, aus Keramik e grujelege Magnéit kreéieren, oder aus enger Ribb eng traditionell Lanter, genannt Rauliicht schnëtzen. Et kann een sech di verschidden Atelier’en als Hallefdagsprogramm oder fir e ganzen Dag zesummewiehlen, mat Mëttegiessen oder Mëtteg- an Owesiessen. Et ass awer och méiglech an der Robbesscheier nëmmen e Rauliicht ze bastelen.

Informatioune fir d’Elteren

  • Hallefdagsprogramm vun 10.00-12.30 Auer (3 Aktivitéiten + Mëttegiessen) Ieselreiden oder Kutschfuehren, Rauliicht schnëtzen, Baken
  • Hallefdagsprogramm vun 14.00-16.30 Auer (3 Aktivitéiten + Owesiessen) Wollatelier oder Keramik, Rauliicht schnëtzen, Seeërei
  • Ganzdagesprogramm vun 10.00-16.30 Auer (5 Aktivitéiten + Mëttesiessen + Owesiessen) Seeërei oder Wollatelier, Ieselsreiden oder Kutschfuehren, Baken, Rauliicht bastelen, Keramikatelier
  • Just Rauliicht bastelen: Frais’en: En Hallwen Dag kascht fir Jonker vun 3 bis 12 Joer 20 Euro, iwwer 13 Joer 24 Euro
  • E ganzen Dag fir Jonker bis 12 Joer 29 Euro, a fir Jonker vun 13 Joer un 37 Euro.Just Rauliicht bastelen kascht 6 Euro
  • Optiounen: Et kann een e Kuerf bestellen an dem Alles dran ass fir seng Rauliicht doheem selwer ze schnëtzen. De Kuerf kann een zu Munzen ofhuelen, e kascht 15 Euro
  • Highlight: Den 30. an 31. Oktober ass Dag vum Trauliicht: hei geet eng Grujelwanderung mat Fakelen a selwergeschnëtzte Rauliichter duerch di rouheg, däischter Nuecht, duerch de Geeschterbësch, an um Enn ginn di gefaange Geeschter beim Lagerfeier verbrannt, a Brout um Bengel gebak.
  • All Informatioune kritt een op www.robbesscheier.lu