Wann dir entdecke wëllt, wéi et virun 2.000 Joer zu Helsem an Emgéigend ausgesinn huet, da maacht iech op de Réimerwee um Fouss vum “Sonnebierg”. Hei am Uelzechtdall stongen nämlech eng ganz Reih vun zum Deel prächtegen Villaen. Dat weisen Ausgruewungen, bei denen net nëmme Maueren entdeckt goufen, mais och schéin Artefakten aus der Réimerzäit. D’Géigend muss esou staark besidelt gewiescht sinnm, dass hei en déiwen Tunnel ugeluecht gouf fir Waasser ënnert dem Pëtschtent-Plateau ze transportéieren. D’Raschpëtzer-Anlag ass mindestens 600 Meter laang an an hirer Dimensioun eenzegarteg an Europa. Säit den 1960er Joren gëtt si wëssenschaftlech erfuerscht. D’Pëtzer vum Qanat sinn zwar zou gemaach ginn, mais bei zwee vun hinnen kann een uewen erakucken.  Et ass ee ganz léierräiche Wee, den zum Deel duerch eng Naturreserve féiert. 

Informatiounen fir d’Elteren:

  • De Wee geet op der Kräizung Rue Prince Henri/Rue Jean Schaack zu Helsem lass, net wäit vun de Ruine vun der Réimervilla, déi 1990 hei entdeckt gouf.
  • Et geet ëmmer de Markéierungen mam Réimerkapp no. De Wee ass ronn 3,6 Kilometer laang.  
  • Vun Ugangs Abrëll bis Enn Oktober ass d’Galerie vum Qanat ëmmer Sonndes vu 14.30 bis 17.30 op. Do gesäit een e Stéck vum Aquädukt. Wann dir eng Visite guidée iwwert de ganze Site, mat all den neidegen detailleierten Explikatiounen wëllt erliewen (op Letzebuergesch, Franseisch, Daitsch oder Englesch), frot no an der Receptioun vun der Gemeng Walfer oder beim Syndicat d’Initiative vun der Gemeng. Hei geet et bei de Formulaire. An hei ass d’Mail vum Syndicat d’Initiative: info@sitwalfer.lu
  • Opgepasst: maximal 9 Leit däerfen un enger Visite guidée deelhuelen.