Den 2. Oktober ass eng méi lass am Gronn an der Stad: da schwammen nämlech dausende kleng Gummi-Inten op der Uelzecht ëm d’Wett. Déi mëttlerweil schonn 20. Editioun vum Duck Race ass e Rise-Spektakel mat Animatioune fir Grouss a Kleng. An et kann ee souguer flott Präisser gewannen, andeems een eng Int op der Websäit vum Duck Race parrainéiert. A mat e bësse Chance ass Är Int ënner deenen, déi fir d’éischt iwwer d’Zillinn kommen an Dir gewannt ee vun de sëllege Präisser.

Informatioune fir d’Elteren

  • Rendezvous fir den Duck Race ass am Haff vun der Abtei Neimënster.
  • Ab 12.00 geet et lass mat Animatioun, Iessen a Gedrénks. Déi grouss Inte-Course ass um 15.00.
  • De Präis fir de Parrainage fir eng Int ass 5 Euro. Méi op www.duckrace.lu
  • Den integrale Bénéfice vun dësem Event, dee vu Roundtable Luxembourg organiséiert gëtt, geet un: UNICEF Luxembourg, Pharmaciens Sans Frontières Luxembourg an Development Africa.