Visit Moselle, den Tourismusbüro fir d’Muselregioun bitt de Format „Kannerwéngert“ un, bei dem Kanner spilleresch a praktesch Wëssenswäertes iwwer de Wäibau an d’Wäilies léieren. Bei dëser Aktivitéit gëtt eegenen Drauwejus produzéiert, den dann och direkt geschmaacht ka ginn. Eng entdeckungsräich Aktivitéit exklusiv fir Schoulklassen a Maisons relais.

Weider Informatiounen

  • De „Kannerwéngert“ dauert 2,5 Stonnen a riicht sech u Klassen aus den Zyklen 2 bis 4 vun der Grondschoul a vum Secondaire.
  • De Programm, bei dem d’Kanner duerch Fachleit begleet ginn, fënnt op Lëtzebuergesch an op Däitsch statt. D’Zäit vun der Drauwelies ass staark wiederofhängeg, dofir bieden d’Organisateuren ëm grouss Flexibilitéit. Dës Aktivitéit gëtt net bei staarkem Reen duerchgefouert.
  • D’Participatioun kascht 200 Euro. Buche kann een hei. Op der selwechter Adress fënnt een och eng Lëscht vu Saachen, déi matbruecht musse ginn.