Entdeckt, per App, déi schauereg-gespenstesch Welt an a ronderëm Esch-Sauer mat senger Buergruin an de Soen a Legenden, déi vu Generatioun zu Generatioun weider erzielt goufen.   

Dëst interaktiivt Klangerliefnes mëcht et méiglech, an d’geheimnisvoll Vergaangenheet a Géigewaart vum klenge Stiedchen anzedauchen. Gläichzäiteg léiert een déi kulturell a natierlech Monumenter wéi zum Beispill d’Lockkapell, d’Rengmauer, d’Fielsentrap oder de Buerggaart.  

D’Fëllementer vun der Buerg sinn aus dem Joer 927. Haut dominéieren d’Ruinen dat souwisou molerescht Duerf Esch-Sauer a suergen esou fir e ganz besonnesche Charme. D’Buerg ass dat ganzt Joer iwwer fräi zougänglech.   

Den Tour start a kënnt un beim Naturparkzenter zu Esch-Sauer. De Rondwee mat sengen 21 Etappen ass mat Foussofdréck an Nummereschëlder gezeechent.  

Informatiounen fir d’Elteren:  

  • D’Eislek-App kënnt Dir gratis op Android oder iOS eroflueden.   
  • D’Adress vum Naturparkzenter ass: 15, rue de Lultzhausen, L-9650 Esch-sur-Sûre  
  • D’Wanderung dauert ongeféiert 2 Stonnen.