D’“Maison des Jeunes Amigo” organiséiert den 11. Juni vun 13.00 bis 18.00 e Rallye zu Fouss fir d’Quartieren am Norde vun der Stad Lëtzebuerg (Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng a Millebaach) op eng spilleresch Aart a Weis ze entdecken. Eng Streck (déi op fir jiddereen ass) gëtt proposéiert mat verschiddenen Etappen déi ze maachen an Aufgaben, déi ze léise sinn.

Méi Informatiounen

  • D’Aschreiwung virum 7. Juni ass obligatoresch op www.billetweb.fr.
  • Déi individuell Participatioun kascht 5 Euro, de Forfait Famille ass 10 Euro.  Infoe um 421727 oder per Mail mdjamigo@inter-actions.lu.
  • De Rendezvous ass um 12.45 am Parc Laval zu Eech.