De Robi ass e Bëschwiichtel. Hien erwaart iech op 9 verschiddene Statiounen, déi dir op ärem Trëppelwee duerch de Bësch wäert passéieren. Fir déi 3 km laang Wanderung sollt dir ongeféier 2 Stonnen aplangen. Dobäi kënnt dir beispillsweis op en Hochsitz klammen a vun do aus kucken, wat fir eng Déiere sech dorëmmer verstoppen. Oder iech an eng Hängematt leeën an e bësse raschten. 

Wann et dréchen ass, kann een de Wee och mat der Kannerkutsch oder Poussette maachen. Kleng Kanner kënne gär hir Trotinett oder hirt Lafrad huelen.

Informatiounen fir d’Elteren:

  • De Parcours ass gezeechent Et geet lass beim Parking vun der Schwämm am Parc Housen. 
  • Weider Detailer fannt dir hei.