Et wor emol eng Léierin, déi Margot geheescht huet. Si war aus Konsdref – dat ass ganz am Oste vum Land, matzen am Mëllerdall – a si huet du och an der Spillschoul enseignéiert. D‘„Joffer Margot“ war eng ganz naturverbonne Persoun, där et um Häerz louch, Kanner fir d’Natur ze begeeschteren. Dofir war si och oft op de Weeër an hirer Heemechtsgemeng ënnerwee.
Fir den Engagement vun dëser Léierin ze éieren an och de nächste Generatiounen d’Natur méi no ze bréngen, ass e puer Joer no hirem Dout e Naturléierpad ugeluecht ginn. Hei gëtt een op Panneaue gewuer, wéi eng Déieren am Weier liewen, wat eng Dréchemauer ass, wéi eng Déieren am Bichebësch, an der Bëschbaach, am Dëmpel an an den Hecke wunnen. Et léiert een awer och, firwat Wisen an doudegt Holz wichteg sinn fir den Ecosystem a wat eng „Mardelle“ ass: nämlech e Lach am Bëschbuedem, an deem sech Waasser gesammelt huet, aus dem fréier oft Leem eraus geholl ginn ass fir Dëppen an Telleren ze maachen. En Eil weist de Wee um Naturléierpad „Joffer Margot“.
En ass alles an allem 6,7 Kilometer laang, et ginn awer och Ofkierzungen. Well mer am Mëllerdall sinn, also an enger fielseger Géigend, geet et munchmol stramm biergop. Um Wee ginn et och eng Rëtsch steil Trapen, sou dass ee besser huet, fest Schong un ze hunn.
Weider Informatiounen
D’Streck fënnt een hei. Startpunkt ass d’Konsdrëffer Millen. Et ginn e puer Geleeënheeten, eng kleng Paus ze maachen. Hei fënns du nach aner Wanderiddien zu Lëtzebuerg speziell fir Kanner.