Eng e bëssen anescht Wanderung erwaart d’Particpante vu 6 Joer un de 15. Mee vun 10.00 bis 13.30 am Bësch zu Beefort. Effektiv fënnt den Tour vu 5 Kilometer a Begleedung vun enger Geess an e puer Iesele statt. Educatricen, déi an der déierenassistéierter Pedagogie geschoult sinn erklären d’Déieren an d’Natur ronderëm.

Méi Informatiounen

  • D’Aschreiwung ass bis de 6. Mee. Infoe an Aschreiwung : Claude Thomé, +352 26 87 82 911, info@naturpark-mellerdall.lu
  • De Präis fir deelzehuelen ass 20 Euro pro Kand a 40 Euro pro Erwuessen.
  • Ënnerwee gëtt et Picknick gemaach an eng Iwwerraschung erwaart d’Participanten um Enn vum Tour.
  • Dot w.e.g. déck Schong un a bréngt adaptéiert Kleedung mat an e Picknick.
  • De Rendezvous ass um 50b, an der Halerstross zu Beefort. Busarrêt nobäi : Beaufort, Halerstrooss