Den impressionnanten Train 1900 ass erëm prett, fir iech op e Spadséiergank matzen an der Natur matzehuelen. Hei sinn d’Horairen vum Train 1900 : Depart vu Péiteng – Fond-de-Gras : 13h20, 14h15, 15h10, 16h15, 17h10, 18h20. Depart vum Fond-de-Gras – Péiteng : 12h50, 13h25, 14h45, 15h35, 16h45, 17h40, 18h30.

D’Minièresbunn fiert dräimol an d’Häerz vun der Minn : 15h, 16h a 17h. Am Buffet vun der Gare vum Fond-de-Gras fannt dir dee ganzen Dag Snacken, hausgemaache Kuchen an Erfrëschungen.

Informatioune fir d’Elteren  

  • Adress : 2, Fond-de-Gras, L-4576 Niederkorn. Infos: info@minettpark.lu  oder (+352) 26 58 20 69 (vu méindes bis freides). Web: www.minettpark.lu
  • Wéi kommen ech dohinner? Mam Auto: Autobunn A13, Ausfaart Nr. 2 Niederkorn, de Schëlder mat “Fond-de-Gras” nofueren. Gratis Parkplazen sinn do.
  • Mam Train 1900: Zu Péiteng de Schëlder “Train 1900″ nofueren bis bei de Quai (Rue de Niederkorn). Gratis Parkplazen sinn do.
  • Déi zwee historesch Zich fuere just vum 1. Mee bis de leschte Sonndeg am September, ëmmer Sonndegnomëttes an d’Feierdeeg (mat Ausnam vum 23. Juni).  
  • D’Ausstellungen an d’Muséeën am Fond-de-Gras an zu Lasauvage si vu 14.00 bis 18.00 op.
  • De Minett Park bitt doriwwer eraus thematesch Féierungen, fir déi ee sech iwwer d’Internetsäit www.minettpark.lu umelle muss.