Wéi gutt kenns du déi keelste Géigenden op eisem Planéit, den Nord- an de Südpol? Wéi heeschen déi zwee Polen nach? Wou liewen d’Äisbieren? Wéi schütze sech d’Pinguine géint d’Keelt? Wat ass eigentlech eng Aurora borealis a wéi entsteet se? Froen an nach méi Froen… op déi’s du Äntwerte kriss! Wou? Um Äiszäitrallye vum Panda-Club.

Informatiounen:

  • Wéini: den 11. Dezember 2021 vu 15.00 bis 17.30 Auer
  • Wou: zu Crauthem (déi genee Plaz gitt Dir no der Aschreiwung gewuer)
  • Umeldung: panda-club@mnhn.lu oder per Internet