Dëse Wee féiert duerch d’Naturschutzgebitt Bruch – Pont Misère. Mee ass déi wëll schéngend Landschaft wierklech sou natierlech, wéi se ausgesäit? Bei dësem Wee steet d’landschaftlech Verännerung am Mëttelpunkt, déi op d’Mënschen zréckzeféieren ass. Op 21 verschidde Statiounen gëtt een dozou vill Interessantes gewuer. Ënnerwee bidden sech ëmmer erëm fantastesch Ausblécker an et gëtt vill ze entdecken. Déi entspriechend Informatiounen sinn an enger Gratis-Broschür festgehalen. Déi kritt een um Startpunkt an engem Automat oder am Naturparkzenter.

Informatiounen fir d’Elteren:

  • D’Tour geet bei der Misärsbréck lass, beim Parking bei der Bréck. Längt: 7 km (Klengen Tour: 1,7 km). De Rondgank dauert ongeféiert 4 Stonnen.
  • Maacht dëse wonnerschéinen an ofwiesslungsräiche Wee mat der Eislék-App a kuckt iech ënnerwee kuerz Filmausschnëtter un. Op 9 informative Statiounen gëtt de Fierschter Serge Hermes Erklärunge zur Landschaft, Flora a Fauna, Flächennotzung asw.
  • D’App kann ee gratis op Android oder iOS eroflueden.