De Parc Merveilleux huet Enn Mäerz nees seng Dieren opgemaach. Fir déi Kleng ass et e grousst Erliefnes, awer och Erwuessener erënnere sech gären… Zum Beispill un d’Geschicht vun der Stadmaus an der Landmaus. D’Landmaus lieft glécklech an hirem Lach um Bord vum Feld, bis hir Kusinn, d’Stadmaus, opdaucht… “Wat hues du dach e Misärs-Liewen hei um Land”, huet d’Stadmaus gemengt, “an den Haiser vun de Mënschen liefs du am Floribus!” An esou ass d’Landmaus an d’Stad geplënnert. Nëmme mat der Hauskaz hat si net gerechent…

Wee virwëtzeg ass an d’An an d’Oueren op hält, gëtt belount: An de verzauberten Haisercher am Bësch vum Parc Merveilleux kann een dem Schneewittchen, dem Routkäppchen oder dem gestiwwelte Koter begéinen, déi hir Aventuren verzielen. D’Märercher ginn duerch beweegte Marionetten an de Fënsteren duergestallt a begleet vu Musek an engem Erzieltext (op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch).

Déi grouss Spillplaz déi zentral am Park läit, luet zum stonnelaange Kloteren, Rutschen an Turnen an. Hei kann ee villes spilleresch entdecken a vill dobäi léieren: iwwer d’Déieren aus dem Bësch, Schallwellen, wëll Beien an Harespelen… D’Waasserspillplaz ass eng beléifte Plaz wann et waarm ass. Um Minigolf am Bësch kënne grouss a kléng Sportler op 18 Bunne spillen (Präis: 3,5 Euro).

De Parc Merveilleux ass deen eenzegen Déierepark zu Lëtzebuerg. Och wann een hei keng grouss Zoo-Déieren wéi Elefanten, Giraffen oder Léiwe fënnt, kann een der hei vill entdecken. Am Park ginn et bal 200 Déierenzorten vu verschiddene Kontinenter: Afrika, Amerika, Australien, Asien an Europa. D’Déierenhaus Amazonia bleift am Moment nach zou.

Am Minizoo kënnen Zwerggeessen geheemelt a souguer gefiddert ginn. Un d’Lamaë kënnt een esou no erun dass ee muss oppassen, net ugespaut ze ginn. Opgepasst: déi meescht Déieren däerfen net gefiddert ginn, well si e festgeluechte Fidderplang hunn. Fir verschidden Houfdéieren kann allerdéngs am Shop Spezialfudder kaaft ginn.

Féierunge fir Schoulklassen

D’Zooschoul vum Parc Merveilleux bitt Schoulklassen, Maison Relais a Veräiner iwwer d’ganzt Schouljoer pedagogesch Workshops a Féierungen un (Méindes bis Freides an an de Vakanzen a Samschdes op Ufro).

Bei de Féierungen léieren d’Schülerinnen an d’Schüler duerch Erklärungen, Beobachtungen, Vergläicher, kuerz Aktivitéiten a Spiller vill Iwwerraschendes an Interessantes iwwer d’Déieren, déi am Park liewen, awer och iwwer aner Déieren an hire Liewensraum léieren. Aschreiwungen fir d’Zooschoul kënnen iwwert de Formulaire um Site gemaach ginn.

Informatioune fir Elteren

  • De Märcherchespark an der Munnerëfer Strooss ass tëschent dem 26. Mäerz an dem 9. Oktober 2022 all Dag vun 9.30 bis 19.00 op. D’Keess geet Moies um 9.30 op a bleift dat bis 18.00.
  • D’Entréesticketen mussen iwwer d’Websäit vum Parc Merveilleux reservéiert ginn. Et ass och méiglech, virun der Visitt eng Lunchbox iwwer d’Websäit ze bestellen. De Self-Service an de Restaurant sinn op.
  • Entrées-Präisser: 12 Euro fir Erwuessener. Kanner (3-14 Joer): 8 Euro. Saisonskaart (perséinlech): 80 Euro. Déi kritt een awer just an der Entréeskeess. Studenten mat enger Studentekaart bezuelen 10 Euro, genau wéi Senioren ab 60 Joer an Persounen mat enger Beanträchtegung.
  • Opgepasst: Wéinst Covid-19 muss jiddereen (ausser Kanner ënnert 6 Joer) iwwerall am Park eng Mask unhunn. Bei der Entrée gëtt awer keen Covid-Check gemaach.
  • De Mini Zuch, Poney-Express an Minicars kascht 1,50 Euro pro Ronn.
  • Just verschidden Deieren däerfe mat Spezialfudder am Bëschberäich gefiddert ginn. All aner Déieren däerfen net gefiddert ginn.
  • Och Gebuertsdeeg kann een am Parc feieren, dëst an der Saison vun Méindes bis Samschdes tëscht 12.00 an 17.30. Um Sonnden a Feierdeeg ass et net méiglech. Fir Informatiounen a Reservatiounen ass den Telefon +352 52 98 90.
  • Am Shop ginn et Rallye-Quiz Hefter ze kafen iwwert d’Déieren oder d’Märercher. Dës kaschten 2 Euro d’Stéck.
  • Muppen (an der Léngt) sinn a ville Beräicher wëllkomm, mat Ausnam vun den Déierenhaiser (Amazonia), am Streichelzoo an op de Spillplazen.
  • Adress & Kontat: Parc Merveilleux, Route de Mondorf, L-3260 Bettembourg, Luxemburg. Telefon: +352 51 10 48-1. Mail: parc@parc-merveilleux.lu.
  • Gratis Parkplaze ginn et virum Park. Dohinner kënnt een och mam Zuch: Mat der Linn 60 Luxembourg – Esch bis Beetebuerg a vun do aus mat dem Shuttle-Bus. Sonndes an d’Feierdeeg fiert e Gratis-Shuttle tëschent dem Parc Merveilleux an der Beetebuerger Gare all Véierelsstonn vun 13.15 bis 19.15.