Den Animatiouns-Team vun der Escher Jugendherberg organiséiert dës speziell Wanderung. Et geet fort wann et ufänkt däischter ze ginn an entdecken an dëser spezieller wanterlecher Atmosphär de Gaalgebierg. Familljen an Naturfrënn sinn häerzlech wëllkomm. Um Enn vum ronn sechs Kilometer laangem Trëppeltour gëtt et eng defteg Zopp fir erëm waarm ze ginn. A vläicht waart de Kleesche jo op Iech mat enger Iwwerraschung.

Infoe:

  • Wou: Jugendherberg Esch/Uelzecht
  • Wéini: den 3. Dezember 2021 wann et ufänkt däischter ze ginn
  • Standardpräis pro Persoun * (Aktivitéit, Iessen an Iwwerraschung)
    • Kanner (bis 12 Joer): 19€
    • Erwuessener (vun 13 Joer un): 24€
      • * Jugendherberg-Membere kréien eng Remise: méi Info hei
  • Informatiounen an Umeldung: Tel.: (+352) 26 27 66 200 / animation@youthhostels.lu