Ugefaang mat dem Oewersauerstauséi, laanscht deen et insgesamt sechs Stränn gëtt: Rommwiss, Léifreg, Buerfelt, Fuussefeld, Ënsber a Lëlz. Mee opgepasst: Wéi schonns d’läscht Joer mussen d’Visiteuren vum Stauséi, déi sech op de Wisen ronderëm installéiere wëllen, am Virfeld reservéieren. Dat ass Gratis iwwer d’Websäit www.visit-eislek.lu oder d’ÉislekApp méiglech. Pro Persoun kënne maximal 5 Plazen reservéiert ginn. Wärend d’Visiteuren 2020 nëmmen d’Weekender an d’Feierdeeg hu reservéiere mussen, ass elo och an der Woch eng Reservatioun obligatoresch. Wee scho reservéiert huet an dann awer net op déi gebuchte Wiss komme kann, sollt seng Reservatioun duerch eng Mail op info@visit-eislek.lu stornéieren. Leit, déi net op der Wiss bleiwen, brauchen net ze reservéieren, wann si zum Beispill laanscht de Stauséi wanderen oder um Stau Kajak fueren oder fësche wëllen. Déi neisten Informatiounen zur Stauséiregioun ginn et op der Websäit zur Stauséigemeng: www.lac-haute-sure.lu

Ganz beléift am Summer sinn och d’Baggerweieren zu Rëmerschen. Hei sinn d’Plagen a véier Zonen opgedeelt. D’Keesen maachen um 10.00 op an um 17.30 zou. D’Baggerweiere maachen fréistens um 18.00 zou an ofhängeg vun de Wiederbedéngungen um 20.00. D’Entrée kascht 5 Euro, si ass Gratis fir Kanner ënner 10 Joer. Op www.baggerweier.lu kënnt Dir bequeem Ären Dagesticket reservéieren. Nieft de Schwammméiglechkeeten bidden d’Baggerweieren awer och nach eng Rei vun neien Aktivitéiten. Zum Beispill en Tauchcours mat Sauerstofffläsch (bis zum 31. Juli) oder Yoga, Natural Resilience, Bodyshape, Biodanza, Cross Training a Fit Boxing.

Am Norde vum Land bidden déi zwee Séien vu Wäiswampech Ofkillung. Um ënneschte Séi kann een och Kanu fueren a Pedaloe lounen. Vun du aus start och e schéine Wanderwee vu 4 Kilometer an eng Mountain-Bike-Pist vu 25 Kilometer. Fir um Lafenden ze bleiwen iwwer déi touristesch Aktivitéiten an der Gemeng Wäiswampech sollt een bei www.visit-weiswampach.lu laanschtsurfen.

Informatiounen fir d’Elteren

  • Wee nohalteg bei de Stauséi komme well a sich doduerch déi nerveg Sich no enger Parkplaz erspuere wëll, deem sti verschidde Buslinnen zur Verfügung oder eng speziell Navette, déi wärend der Saison agesat gëtt. Mat der Buslinn 535 (Ettelbréck – Ënsber – Ettelbréck), déi sonndes wéi wiertes vu moies 7.00 bis owes 20.00 fiert, kënnen d’Visiteuren bequeem bis bei de Stauséi kommen. Zanter dem 9. Mee fiert och d’”Stauséi Navett” weider all Stonn ronderëm de Séi. Op www.mobiliteit.lu fannt Dir ganz bequeem dee Reesplang, deen Iech passt.
  • Nieft de verschidde Buslinne gëtt et an der Haaptsaison zu Ënsber de Gratis Opfangparking “Am Kéilert”, deen direkt un der N27 tëschent Ënsber an Uerschdrëf läit. D’Opfaart op de Parking ass ausgeschëldert. Vun do aus muss ee ronn 15 Minutten bis bei de Stau trëppelen. Alternativ bitt d’Gemeng Esch-Sauer d’Weekender mat héijem Visiteursundrang an d’Feierdeeg e Shuttle-Service un. Dee bréngt d’Visiteuren am 20 Minutten Takt bequeem vum Opfangparking “Am Kéilert” op d’Wisen zu Lëlz an zu Ënsber.
  • Bei de Baggerweieren zu Rëmerschen gëtt et am Breicherwee e grousse Parking fir 500 Visiteuren. Wéi mam ëffentlechen Transport komme wëll, kann dat vun der Stater Gare aus mat der Buslinn 175 Richtung Munneref oder 185 op Rëmerschen maachen.
  • Direkt nieft de Séien zu Wäiswampech gëtt et e grousse Parking an der Weilwerdangerstrooss. D’Buslinnen 555 a 685 bleiwe ganz nobäi stoen.
  • D’Schwammsaison zu Lëtzebuerg leeft vum 1. Mee bis den 30. September. Méi Informatiounen iwwer d’Schwammgewässer zu Lëtzebuerg an hiren Zoustand gëtt et hei.