Et ass nawell en zimmlech scheie Gesell op dem seng Sich mir mam Panda Club ginn: de Biber mécht sech rar – an dach, gëtt et en nach hei zu Lëtzebuerg. Genëschelt gi mir laanscht d’Sauer op seng Sich a mat e bësse Gléck, fanne mir jo esouguer seng Buerg. Säi Liblings-Hobby: Beem ëmleeën. Dofir knabbert hien se mat senge schaarfen Zänn un, bis se ëmfalen an hie se fir säi Bau gebrauche kann. Ganz apaart ass och säi Schwanz: deen ass platt an e richtegt Multifunktiouns-Instrument. Hie gebraucht en als Rudder beim Schwammen, hie schléit domat op d’Waasser fir Gefor ze mellen, et ass eng Fett-Reserven am Wanter an eng Klimaanlag am Summer wann hie säi Schwanz an dat killt Waasser streckt fir sech ofzekillen.

Weider Informatiounen:

  • Wou: Misärsbréck 
  • Wéini: Samschdeg, den 23. Oktober 2021 vu 14.30 bis 17 Auer
  • Alter: 6 bis 10 Joer
  • Organisateur: Natur Musée (Panda Club)
  • Präis: 5 € (Den Onkäschtebeitrag gëtt op der Plaz beim Responsabele vun der Aktivitéit bezuelt)
  • Umeldung iwwert den Internet