Fréier war e wäit verbreet zu Lëtzebuerg; De Steekauz, ëm den sech vill Legenden gedréit hunn, well dës Eilenaart huet oft op oder bei engem Kierfecht gebréit, vu wou aus säi Ruff nuets ze héiere war. Well de Raubvull och Insekte jot, déi vu Liichtquellen ugezu ginn, kënnt et munchmol vir, dass e virun enger Fënster lant a mat senge grousse, ronnen An an eng Stuff kuckt an d’Awunner esou erschreckt.

Kee Wonner, dass en zu Lëtzebuerg fréier “Doudevull” genannt gouf. De Steekauz war fréier wäit verbreet. Haut allerdéngs ass déi klengst Eilenaart zu Lëtzebuerg staark bedreet, well seng Bréi- a Juegdrevéiere duerch de Wuesstem vun den Uertschaften an de landwirtschaftleche Flächen ëmmer méi seele ginn. Bongerten, Hecken a Splécken a Beem oder Gebaier, an deenen de Steekauz säin Nascht baut, ginn ëmmer méi rar.

D’Gemeng Weiler-la-Tour huet dëser Eilenaart e Léierpad dediéiert, op deem een op Panneauen vill iwwer de Liewensraum vum Steekauz léiere kann an och iwwer Schutzmoossnamen, fir dës Aart ze erhalen. Wéi sech opmierksam ëmkuckt, ka potenziell Naschtplazen vum Steekauz erkennen an d’Vullenhaiser fir si, déi op verschidde Beem ubruecht goufen.

Informatiounen fir d’Elteren

Start- an Zil vum Wee ass d’Schoul zu Weiler-la-Tour an der Rue de Luxembourg nieft dem Sportzenter. Den Tour ass ronn 6,3 Kilometer laang an och mat Poussette liicht ze goen. Méi Informatiounen an eng Kaart gëtt et hei