De Gréngewald am Zentrum vu Lëtzebuerg ass dat gréisstent zësummehängend Bëschgebitt am Land. Hei leien och vill historesch Plazen. Wousst Dir zum Beispill, datt fréier – Enn vum 19. Joerhonnert, Ufank vum 20. Joerhonnert – ee groussherzogleche Juegdchalet op der Héicht iwwer Helsem louch, zu dem d’Staatscheffen, hir Familljen a Gäscht iwwer e Kutschewee koumen?
An dass nët wäit vun der Juegdhütt sechs déck Eeche stinn an Erënnerung un d’Prinzessinnen Marie-Adelheid, Charlotte, Hilda, Antonia, Elisabeth a Sophie stinn? Hier Foto begleed ons um historesche Rondwee “Grünewald Steinsel-Walferdingen”, op deem ee ganz vill léieren an och nach d’Natur genéisse kann.
An engems kënnt een zum Beispill och bei enger Konschrausstellung am Bësch laanscht (beim “Stafelter”), oder och beim ënnerierdesche Aquädukt (“Raschpëtzer“).
Méi Informatiounen
- Et kann een den historesche Rondwee vun Heeschdrëf oder Helsem aus goen oder awer vum Stafelter aus, wou et e grousse Parking gëtt.
- De Wee ass 7,5 km laang. Et muss een also schon dräi Stonne arechnen, fir en ze trëppelen.
- Eng gutt Broschür zum Wee gëtt et hei.