De Planéitewee “De Saturn” zu Schëffleng bitt eng Rees duerch de Sonnesystem – ouni Rakéit
Fënnef Milliarde Kilometer an zwou Stonnen: dat ass méiglech, ouni an eng Rakéit ze klammen! An zwar um Schëfflenger Planéitewee, den an der Réserve naturelle “Lallengerbierg-Brucherbierg” ugeluecht ass.
Wou fréier de Minett ofgebaut ginn ass, kann een haut flott spadséiere goen an eng Rees duerch de Sonnesystem maachen.
Op 13 Erkläertafelen gëtt ee vill gewuer iwwer d’Sonn, d’Planéiten, mee awer och aner Himmelskierper wéi Asteroiden a Koméiten. D’Distanzen tëscht de Planéiten-Informatiounstafelen, op deenen d’Planéiten am Moossstaf eent zu enger Milliard representéiert sinn (de Merkur zum Beispill huet Schroutkugelgréisst, de Jupiter dogéint Kanounekugelgréisst), sinn am Moossstaf eent zu zwou Milliarden festgeluecht.
Sou kritt een e Gefill wéi wäit dach d’Planéiten vun der Sonn a vuneneen ewech leien a wéi butzeg se am Verglach mat der Sonn sinn, déi um Ufank vum Parcours op engem Minne-Buggy trount. Dee ganzen Tour ass ronn véier Kilometer laang.
Informatiounen fir d’Elteren:
- Wou fannt dir de Planéitewee ? De Startpunkt ass beim Liichtathletikstadion Jean Jacoby um Wupp vun der Montée du Cimetière, L-3815 Schifflange. Hei geet et kuerz duerch de Bësch, ier een an déi al Minn kënnt.
- Nëtzlech ass et, eng Kaart oder ee Buch iwwer de Sonnesystem dobäi ze hunn.