D’Praxis vun der Achtsamkeet oder Achtsamkeets-Meditatioun oder och “mindfulness” kritt ëmmer méi Zoulaf an huet sech och an de Schoule bewisen. Schüler, déi Achtsamkeets-Meditatioun praktizéieren gi méi empathesch a gi besser eens fir hier Emotiounen ze spueren, ze interpretéieren an ze kontrolléieren. Si kréien e gewëssent sozio-emotionaalt Gläichgewiicht zréck, entwéckele méi harmonesch Interaktiounen mat hire Klassekomeroden a konzentréiere sech besser.

Dëse Constat ass ënner anerem vum Centre pour le développement socio-émotionnel (CDSE) gemaach ginn, dem Kompetenzzentrum a spezialiséierter Psychopédagogie, dee Kanner a Jugendlecher begleet an ënnerstëtzt, déi spezifesch Besoinen am sozio-emotionelle Beräich hunn. Sou hat de CDSE d’Iddi fir am Park ronderëm säi Siège am Schlass vu Mënsbech en Achtsamkeetspad ze schafen mat néng Statiounen, déi all Kéiers dozou alueden, e Moment vu “pleine conscience” ze erliewen.

Zousätzlech Informatiounen fir Interesséierter

  • Jidderee kann an de Park vum Schlass vu Mënsbech kommen fir eleng, mat der Famill oder am Grupp de Pad no sengem eegene Rhythmus an op seng eege Manéier ze entdecken.
  • Informatiounspanneauen mat QR-Codes déi op digital Audio-Dateien verweisen (alleguer a véier Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch) guidéieren de Visiteur vun enger Etapp zur nächster bei engem Spadséiergank deen tëschent 60 an 90 Minutte kann daueren.
  • Mënschen, déi schlecht gesinn, kënnen hir Promenade a voller Autonomie maachen, dank engem adaptéierten Audioguide (momentan just op Lëtzebuergesch).
  • De Parcours ass och accessibel fir Persounen mat reduzéierter Mobilitéit.
  • Hei fannt Dir nach méi Informatiounen.