Zanter 1949 organiséiert Wolz e grousst Volleksfest ronderëm Päischten a stellt de Gënz an de Mëttelpunkt, déi emblematesch Planz, déi d’Éislek mat Giel bedeckt. No enger Paus vun zwee Joer wéinst der Pandemie kënnt d’Geenzefest dëst Joer zréck. Lass geet et de Samschdeg 4. Juni mat der Introniséierung vun der Geenzekinnigin a verschidden Sportsturnéieren fir de gudden Zweck. Den Héichpunkt vum Geenzefest ass awer dee faarwege Corso op Päischtméindeg. « Riseg Spillsaachen » ass den Thema vum Corso dëst Joer.

Méi Informatiounen

  • De Corso vum Geenzefest 2022, dat vum « Syndicat d’Initiative et du Tourisme Wiltz » an den « Amis de la Féerie du Genêt » organiséiert gëtt, geet de 6. Juni um 14.30 fort.
  • Den Entréesbilljee vum Geenzefest kascht 6 Euro a kann online reservéiert ginn.
  • All Infoe : www.geenzefest.lu