Am ganze Land ginn et lauter verschidden Spillplazen, ob deene Kanner sech ameséiere kënnen. Besonnesch gefrot sinn déi 6 thematesch Spillplazen an der Haaptstad, déi mir hei virstellen.

-D’Spillschëff: och nach bekannt als d’Pirateschëff net wäit vum Zentrum an der Avenue de Monterey. Kanner kënnen entweder ronderëm dat majestéitesch Schëff trëppelen, sech mat de Waasserspiller ofkillen oder mat anere Kanner am Sand spillen.

-De Flughafen: am Oste vun der Stad kënne d’Kanner e Flug simuléieren um Flughafen Cents, Op der Heed. Et gi Fligeren a verschidde Faarwen an Gréissten an dësem Park wou ee sech di nächst Vakanzen-Destinatioun ka virstellen. Doriwwer gitt Dir hei méi gewuer. 

-De Bauerenhaff: net wäit vun Zéisseng an der Rue Jean-Gaspard Cicignon, am Süden vun der Stad, kënnen déi Kleng déi thematesch Spillplaz mat hëlzener Schéier, Päerdskutsch, Trakter a villem méi genéissen.

-D’Ritterbuerg: gebaut um Belair Op der Schéiwiss, am Westen vun der Stad. Kanner kënnen zréck an d’Zäit goen an am grousse Schlass spillen an och an deenen anere Strukturen wéi Spill-Kichen, Prisong, den Tuerm, mat hëlzenen Déieren an aner typesch Installatiounen esou wéi Klunschen, Rutschen a Klotergerüster.

Ernimme mer nach zwou méi kleng, mee och spannend Spillplazen: Um Lampertsbierg, Rue de l’Avenir, am Norden vun der Stad, gëtt et de Park ‘Klammen a Sprangen’. Kanner kënnen hei hir Kraaft opbauen andeems si déi verschidden Strukturen erop an erof klammen. Op dës Spillplaz hutt Dir och mam Auto einfachen Accès. Um Boulevard Kaltreis, Bonnevoie-Sud, kënnen déi kleng am Rakéitepark ‘Planéitenwelt’ spillen. D’Spillplaz offréiert zwou Rutschen déi d’Rakéit erof geet a Waassersprenkler fir waarm Summerdeeg.

Informatiounen un d’Elteren

  • Déi meescht Spillparken kann ee mam ëffentlechem Transport erreechen, entweder mam Bus oder souguer mam Tram vun der Gare Centrale.
  • Et ass wichteg, d’Reegele vun der Spillplaz, déi bei der Entrée op engem Panneau stinn, ze respektéieren.
  • Fir méi generell Informatiounen iwwert Parken an der Stad, kënnt Dir Iech hei eng detailléiert Kaart als pdf ukucken.
  • Fir méi Informatiounen iwwert Spillplazen a Parken am ganze Land, kënnt Dir déi gratis App ‘Spillplaz.lu’ am Playstore oder am Applestore eroflueden. Op dëser interaktiver App hutt Dir Accès op enger Kaart an eng Filter Optioun fir eng méi detailléiert Recherche.