Aus Blieder, Steng, Schuele vun Nëss oder gedréchent Blumme kann een eng ganz faarweg Kollektioun bauen. Dofir brauch een just e puer Schrauwekëschten oder Eeërkartongen fir d’Saachen ze sammelen. Et kann een och vill verschidde Schattéierungen vun enger Faarf sammelen. An/oder eng Zäit virginn, an der d’Saache solle gesammelt sinn. Aus de Kollektiounen kann eng flott Fotogalerie entstoen.
Informatiounen fir d’Elteren:
- Besser keng Friichte sammelen, déi faule kënnen.