Kanns du d’Rätsel vun Nidderdonwen léisen ? Da beäntwer all Froe richteg op dem Wanderwee vu sechs Kilometer duerch a ronderëm d’Duerf an der Gemeng Fluessweiler. Du kanns dee Wanderwee vum 18. Juli bis de 15. September maachen. D’Schatzsich dauert ongeféier dräi Stonnen an op der Arrivée waart eng kleng Iwwerraschung op dech.

Weider Informatiounen

  • D’Schatzsich ass fir Kanner vu 6 Joer un.
  • De Wee ass net fir Poussette gëeegent. Fest Schong gi recommandéiert.
  • Kontakt: emweltkommissioun@flaxweiler.lu