Wat genau ass Schifer, wou kënnt Schifer hier, a wat kann een domat maachen? Als Famill entdecke mir um Schuppi’s Tour no enger kuerzer ugepasster Visitt fir Kleng a Grouss de Schifermusée zu Uewermaartel.

Zesumme klamme mer erof an di ënnerierdesch Galerie, op minus 15 Meter, a léieren de Wee vum Schifer vun do wou en ofgebaut gëtt bis bei de fäerdege Produit. D’Handwierk vum Leekëppert gëtt gewisen, an dono däerf jiddereen sech seng eegen Daachlee aus Schifer schneiden. Um Enn gëtt et kreativ: op enger Schiferplakk ka jiddereen säi Motiv agravéieren an dat mathuelen, z. Bsp. Als Ënnersetzer fir seng Taass.

Weider Informatiounen: