Eng Rees op Lasauvage ass ëmmer ë bëssen abenteuerlech. Nëmme zou schmuel Stroosse féieren an dat klengt Duerf an der Gemeng Déifferdeng, dat genee op der franséischer Grenz läit. Der So no soll fréier eng wëll Fra an enger Fielshiel an dem schmuelen Dall gelieft hunn, an dem am 17. Joerhonnert éischt industriell Aktivitéiten stattfonnt hunn. Si sinn no der Entdeckung vun der Minette am 19. Joerhonnert intensivéiert ginn a Lasauvage ass schnell gewuess. Nach haut fënnt een an der Géigend Installatiounen a Gebaier, déi vun dëser Zäit erzielen.
E puer vun hinne fënnt een laanscht dem “Sentier de la Crosnière”, en Naturentdeckungspad, dee sech speziell och u Kanner riicht. Verschidden Déierepiktogrammer si Weeweiser. Op Panneauen um Wee ginn et Erklärungen iwwer Flora a Fauna souwéi iwwer d’Geschicht vu Lasauvage. Charmant gestalt gouf de Weier hannert der Kierch. Hei si Steger an Observéierungsplattformen amenagéiert ginn, vun deenen aus een ënner anerem dem Dreiwen vun den Inten nokucke kann.
Informatiounen fir d’Elteren
- Op Lasauvage kënnt ee vun Nidderkuer aus. Et gëtt awer och eng aner Méiglechkeet, dohin ze kommen. Nämlech mat de “Minièresbunn”, déi tëschent dem Fond-de-Gras a Lasauvage duerch déi fréier Minn am Bierg féiert. Méi Detailer dozou fënnt een hei.
- De “Sentier de la Crosnière” ass 3,2 Kilometer laang.
- Am “Espace Muséologique” gëtt ee méi iwwer d’Geschicht vun der Géigend gewuer.
- Direkt bei der Naturschoul gëtt et eng flott Spillplaz. All d’Wanderweeër am der Gemeng Déifferdeng fënnt een hei. Si féieren duerch fréier Minièresgebidder, op deenen ee spannend Entdeckunge maache kann.