Eng verzaubert Prinzessin, eng droleg Schlaang, e Schatz aus dem Feier: Am Diddelenger Quartier Butschebuerg gëtt et säit kuerzem e Wanderwee, op deem een de spannende Geschichten aus der Géigend nolauschtere kann. D’Stréck féiert an 10 Statioune laanscht an dat haaptsächlech duerch de Bësch. Op all Statioun steet e Schëld mat 5 ënnerschiddleche QR-Codes. Et kann een eng vu véier verschidde Sproochen auswielen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder d’Gebäerdesprooch. De Wanderer kann d’Geschicht dann op sengem Smartphone nolauschteren oder ukucken. De 5. Code weist de Wee bis zur nächster Statioun.
Informatiounen fir d’Elteren
- De Startpunkt vum Lauschter-Wanderwee ass op der Gymnich-Plaz am Wunnquartier Butschebuerg. D’Zil ass um Gehaansbierg (Mont St. Jean).
- Den Tour dauert ongeféier annerhallef Stonn.
- Méi dozou gëtt et hei.