Den Charly war e Schmuelspuerzuch, dee wärend engem halwe Joerhonnert vun der Stad op Iechternach gefuer ass, eng leschte Kéier am Joer 1954. Ënnerwee koum hien och zu Bech laanscht, wou haut en Trëppelpad no him benannt ass. 13 Statiounen huet dësen interaktive Parcours. Um Wäschbuer gesidd dir, wéivill Aarbecht fréier néideg war, fir knaschteg Wäsch nees propper ze kréien. Déi Sportlech ënnert iech kënne sech op der Wäitsprongpist mat den Déiere moossen, fir erauszefannen, wien déi gréisste Sätz mécht. A wien nach ni e Bamtelefon ausprobéiert huet: hei kritt hien d’Geleeënheet… 

Informatiounen fir d’Elteren: 

  • Wéi laang ass de Wee? Eng 5,5 km, fir déi dir ongeféier 2 Stonne braucht. Allerdéngs ass et näischt fir Kannerkutschen. 
  • Wou geet et lass? Op der Becher Gare zu Bech. 
  • A soss? Nieft der Becher Gare ass eng Spillplaz, wou dir iech wieder kënnt amséieren, wann dir no ärem Tour nach net midd sidd. 
  • Weider Informatioune fannt dir hei.
  • Kontakt: Tel.:+352 72 04 57 (ORT Mullerthal). Email:info@mullerthal.lu