De Circuit “Klangwee” zu Houschent ass e Wanderwee vun 6,5 Kilometer Längt. Hei fannt dir 17 Statiounen bei denen d’Wanderer stoe bleiwe kënnen fir Musek ze man, d’Natur ze lauschteren oder se ganz einfach ze observéieren.  

De Wee kann een eleng maachen oder e Guide froen.  

Informatiounen fir d’Elteren:  

  • De Startpunkt vum Rondwee ass de Parking bei der Kierch zu Houschent.  
  • De Wee geet vill erop an erof an e gëtt just fir Persounen vu méi wéi 8 Joer recommandéiert. Fir Poussetten ass en net gëeegent.   
  • Fir de Wee ze maachen muss ee mindestens 3 Stonnen aplangen, e bësse méi, wann een en guidéiert Visitt bucht.  
  • Informatiounen a Reservatioun: Guided Tours, B.P. 12, L-9401 Vianden, Tel.: (+352) 26 87 49 87, E-Mail: tours@visit-eislek.lu  
  • Hei geet et bei d’Kaart vum Wee.