Déi eng Vulle fléie fort an de Süden, déi aner iwwerwanteren zu Lëtzebuerg. Den 22. Januar vun 9.00 bis 11.00 fënnt eng Vullenobservéierung op de Baggerweieren zu Rëmerschen statt. Hei iwwerwanteren zum Beispill Inten, Kormoranen oder Taucher. De Claude Heidt gëtt Explikatiounen.  

Weider Informatiounen  

  • D’Adress vum “Centre nature et forêt Biodiversum Camille Gira” ass 5, Bréicherwee, L- 5441 Remerschen.   
  • Umelle muss een sech bis den 20. Januar um Telefon 24756531.  
  • Et sollt ee sech de Wiederkonditioune entspriechen undoen an eng Spektiv matbréngen.  
  • Méi zum Biodiversum fënnt een hei