D’Kanner falen aus verschidde faarwegem Pabeier Schëffercher. Un engem gutt zougängleche Waasserlaf trieden ëmmer zwee Schëffer géinteneen un, an dat op enger festgeluetener Streck. All Kand ka säi Schëff zweemol mat engem Bengel befreien, wann et henke bleift. Wem säi Schëff fir d’éischt ukënnt, den huet gewonn.
Informatioune fir d’Elteren: Am beschten méi décke Pabeier wielen (ab 100 Gramm). An net vergiessen, d’Pabeierboot aus dem Waasser ze huelen an doheem ze entsuergen.
Wéi een esou e Pabeierboot faalt, fannt Dir hei.