Eng aussergewéinlech Wanderung fënnt den 30. Juni vu 17.00 bis 19.00 an der Géigend ronderëm Manternach. D’Ieselen Antoine an Nicolas begleeden d’Participante a Participanteën op enger geféierter Wanderung, bei der ee vill iwwer Flora a Fauna bäiléiert.
Weider Informatiounen
- Aschreiwung bis den 28. Juni am Natur- a Bëschzenter „A Wiewesch“ zu Manternach. Umeldung: Telefon: 24 75 65 03