De Wee féiert duerch Wisen, Baachen a Bësch. E weist d’Entwécklung vun der Landschaft am Éislek duerch hier Bewirtschaftung. De Wee féiert aus Bauschelt eraus a Richtung Nordosten, laanscht eng kleng Baach. Duerch e Bësch geet et bei den “Hellekessel”. Héi fléisst d’”Hämichterbaach” an de Stauséi. Zréck geet et erëm duerch de Bësch bis bei d’”Laangescht”. Iwwer Wisen a Felder geet et dann zréck op Bauschelt.
Informatiounen fir d’Elteren:
- De Rondwee start a kënnt am Zentrum vu Bauschelt un. Fir déi 5,5 Kilometer brauch ee ronn 2 Stonnen.
- Muppe mussen onbedéngt un der Léngt bleiwen, well et geet zum Deel iwwer Parzellen, déi beweed ginn.
- Hei fannt dir méi Informatiounen an d’Broschür zum Wee.