Nodeems en d’lescht Joer huet missen annuléiert ginn wéinst Covid-19, ass de Festival International de la BD zu Conter dëst Joer zréck vum 9. bis de 17. Juli, mee ënner besonnesche Bedéngungen, well et nach ëmmer Restriktiounen wéinst dem Virus gëtt. Sou huet den Organisatiounscomité decidéiert, de Visiteuren just Séances de dédicaces, zwou Ausstellungen an ee Workshop op Reservatioun unzebidden. Et gi weder Animatiounen, nach Iessen a Gedrénks, nach Verkafsstänn well d’sanitär Moossnamen respektéiert muss ginn. Den Entrée ass gratis, mee et muss ee sech fir d’Evenementer aschreiwen, bei deenen ee well dobäi sinn.

Informatiounen fir d’Visiteuren

  • De CovidCheck-System gëtt agesat an d’Mask bleift obligatoresch.
  • All Persoun muss sech separat an a sengem Numm aschreiwen. Den elektroneschen Ticket als Beweis vun der Aschreiwung muss an der Entrée gewise ginn. Schreift Iech hei an. 
  • D’Séances de dédicace fannen an der aler Sportshal zu Conter (4 Rue des Sports, L5322 Contern) statt, an d’Workshoppen am centre culturel An Henkes. Kanner vu méi wéi 6 Joer mussen och individuell ageschriwwe ginn.
  • Fir Kanner vu manner wéi 6 Joer brauch een net ze reservéieren. D’Maximalkapazitéit am Sall vun den Auteuren ass 170 Persounen. Et muss een also mat Waardeschlaangen rechnen.
  • Eng gratis Navette fiert tëschent der Gare vu Sandweiler-Contern an dem Festival. D’Navette fiert a Funktioun vum Depart an der Arrivée vum Zuch op der Gare Sandweiler/Contern.
  • All Informatiounen op www.bdcontern.lu