Tëschent dem 30. Abrëll an dem 9. Mee fënnt nees d’”City Nature Challenge” statt. Bei dëser Aktioun, déi vum naturmusée an Zesummenaarbecht mat der California Academy of Science an dem iNaturalist-Netzwierk organiséiert gëtt, geet et drëms, d’Natur ronderëm ons – Planzen, Champignone, Déieren – ze beobachten, ze fotograféieren an esouguer Téin aus der Natur opzezeechnen.

Déi Fotoen an Audiodateien ginn iwwer d’Gratis-App iNaturalist gedeelt. Fir Wëssenschaftler sinn dat wäertvoll Informatiounen fir festzestellen, wéi eng Planzen- an Déierenaarte wou virkommen.  Bei fréieren “City Nature Challenges” konnten esou Aarten entdeckt ginn, déi nach net zu Lëtzebuerg observéiert goufen, oder ganz seele virkommen.

Interesséiert Participanten aus ganz Lëtzebuerg sinn dofir opgeruff, tëscht dem 30. Abrëll an dem 3. Mee hir Fotoen eropzelueden. Tëschent dem 4. an dem 9. Mee ginn d’Observéierungen da vum naturmusée an dem iNaturalist-Netzwierk ausgewäert. Den 10. Mee ginn d’Resultater annoncéiert.

Bei dëser spannender Aktioun, déi a 400 Stied op sechs Kontinenter ofleeft, gëtt de Bléck fir ons Ëmwelt geschäerft. Doriwwer eraus léiert ee mat der App direkt vill iwwer déi Planzen, Pilzen an Déieren, déi ee fotograféiert, well si d’Fotomotiver meeschtens identifizéiere kann an e Link fir weider Informatioune virschléit. Natierlech kënnen och ausserhalb vun der “City Nature Challenge” Observéierungen iwwer d’App eropgeluede ginn.

Méi Infos iwwer d’”City Nature Challenge” ginn et hei: citynaturechallenge.org, op der Facebook-Säit vum naturmusée am op dem senger Websäit.

Den nächste Samschdeg den 1. Mee proposéiert den natur musée en iNaturalist-Workshop fir Kanner vun 13 bis 15. D’Participatioun kascht 5 Euro, si kann an der Keess vum Musée bezuelt ginn.