De 4. Juli organiséiert de Fond-de-Gras eng besonnesch Wanderung. Dëse 4. Juli ab 10.00 hëlt d’Geschichtenerzielerin Melissa Iech mat op e Spadséiergank, fir d’Plaz ze entdecken. An den zauberhaftesten a geheimnisvollste Plazen wäert si stoe bleiwen an Iech hir Geschichten verzielen. Wosst Dir, firwat d’Nuechtigailchen nuets sengt oder wéi d’Alenterholz rout gëtt? Ergräift d’Chance a loosst Ärer Imaginatioun fräie Laf.

Informatiounen fir Elteren

  • Reservatioune kënnen hei gemaach ginn. 
  • D’Participatioun kascht 6 Euro.
  • Treffpunkt ass em 10.00 virun der Hall Paul Wurth am Fond-de-Gras.
  • Den Tour dauert ongeféiert zwou an eng hallef Stonn.
  • D’Geschichten ginn op Lëtzebuergesch erzielt.