Dir hutt es sat, Graffiti nëmme op de sozialen Netzwierker, am Video oder just op Maueren ze gesinn? Dir wëllt d’Kënschtler an Aktioun gesinn, on speed? Da kommt den 3. Juli op de Graffiti Battle “Back to the Books!”, organiséiert vun der I Love Graffiti a.s.b.l. an Zesummenaarbecht mat de Rotondes.

E richtege Battle mat Kënschtler, engem Jury, Wierder fir ze molen, Spraydousen, e Chronometer, 400 Euro ze gewannen an dem Speaker Sadat Sekkoum fir dat alles ze animéieren zesumme mat den DJs Jean Maron a Bobby Bieles. D’Selektioun vun de 24 Kënschtler fir de Battle ass de 6. Juni op Instagram duerchgezu ginn.

De Jury, zesummegesat aus Yellow (FR), Love (DE) an Nask (LU) huet folgend Kënschtler zréckbehal: Bebop12, Fase, Flem, Defo, Jonas, Justo, Mage, Marek, Metice, Mizer, Naster, Omin, Peno, Rafat, Right, Rush, Samo, Saruk, Ser, Seth, Stratosfer, Trust, Wire, Wobe.

Méi Informatiounen

  • De Concours spillt sech tëschent 14.00 an 22.00 um Parvis vun de Rotondes of, 3, Place des Rotondes, L‑2448 Luxembourg-Bonnevoie.
  • Fräien Entrée.
  • De Mask ass obligatoresch fir Leit ab 6 Joer a Positioun “Debout” – Respekt vun de “gestes barrières” – Déi spezifesch Indikatiounen um Site mussen och respektéiert ginn – D’Zuel vun de Spectateuren ass limitéiert (laut Consignen vun der Regierung vum 13.6. 2021).
  • Web: www.rotondes.lu