Et mécht riseg Spaass an ass och nach gesond: Trampolinsprangen. Dir hutt Loscht et auszeprobéieren? Zu Lëtzebuerg gëtt et e puer Trampolinparks bannen a baussen. Zum Beispill nieft der Jugendherberg zu Iechternach, wou 10 normal a 4 Bungee-Trampoliner bereet stinn. Sie kënnen och fir Gruppen a Gebuertsdagspartyen reservéiert ginn. Nach bis den 12. September fënnt een am Park zu Märel an der Haaptstad nieft enger ganzer Rei vu Kiermes-Attraktiounen den “Jump for Fun”-Trampolin-Park.

Och iwwerdaachten Trampolin-Parken ginn et zu Lëtzebuerg. Zum Beispill d’”Jumpbox” zu Conter. Hei ginn op enger Fläch vun 800 Quadratmeter vill Trampoliner an aner Attraktiounen ugebueden. Vill Trampoliner an en Ninja-Parcours bitt och den Ozone Trampolin- an Ninja-Parc zu Féitz.

Informatiounen fir d’Elteren

  • Iechternach: Youth hostel Echternach, Chemin vers Rodenhof, L-6487 Echternach. Méi Informatiounen dozou gëtt et hei
  • Méi zum Park Märel gëtt et hei
  • Jumpbox sàrl: 8 rue de l’Etang,  L-5326 Contern, Entrée op der Récksäit vum Gebai. Web: www.jumpbox.lu
  • Ozone Trampolin- an Ninja Parc: 11 Rue du Brill, Foetz op dem Parking vum Cora. Méi Informatiounen: www.ozoneparc.lu