Den nächste Weekend ginn d’”Luxembourg Museum Days” erëm iwwer d’Bün. Net nëmme kann een de 15. a 16. Mee 45 Muséeën am ganze Land Gratis besichen: all Musée bitt och e spezielle Kulturprogramm fir d’ganz Famill. Vu Bënzelt bis Rëmeleng a vu Maartel bis Rouspert bidden sech e Samschdeg an e Sonndeg also besonnesch spannend Ablécker an de Musées-Patrimoine vu Lëtzebuerg. D’”Luxembourg Museum Days” fannen am Kader vum internationale Muséesdag (den 18. Mee) statt.  

Informatioune fir d’Elteren:  

  • Op der Websäit  www.luxembourgmuseumdays.lu fannt Dir all Musées-Adressen an Event-Programmer.  
  • Wéinst Covid-19 gëtt et Aschränkungen bei der Zuel vu Visiteuren, déi zu gläicher Zäit am Musée däerfe sinn. Doriwwer eraus muss ee sech och fir verschidden Aktivitéiten umellen.  
  • Et gëlle Maskeflicht a Social Distancing.