D’Covid-19 Pandemie mécht der Schueberfouer leider och dëst Joer e Stréch duerch d’Rechnung. Allerdéngs verzicht d’Haaptstad an dësem Summer net op Kiermes-Flair. Am räichhaltege Summerprogramm sinn esou e Koup Rendezvousen mat Karusseller, Schéiss- a Spillbuden a leckere Kiermes-Spezialitéite virgesinn. Dëse Freideg 16. Juli start esou zum Beispill d’Aktioun “Kiermes am Duerf”, déi nach bis den 12. September a verschidde Quartieren stattfënnt, an zwar all Dag tëschent 11.00 an 20.00.

D’Attraktiounen sinn op folgende Plazen ze fannen: Place de la Constitution (Gëlle Fra), Place du Puits Rouge (Roude Pëtz), Park der Villa Vauban, Place des Martyrs (Rousegäertchen), Place de la Gare, Place Jeanne d’Arc, Place de Roedgen, Park Laval, Park von Merl und Place Thorn. D’Karusseller si Gratis, mee d’Spiller an d’Gastronomie kaschten eppes. Eng ganz besonnesch Attraktioun ass vum 30. Juli bis de 15. August all Dag vun 11.00 bis 20.00 op der “Kinnekswiss” ze fannen, net wäit ewech vum Glacis-Feld. Hei heescht et “Kiermes wéi fréier”, mat ronn 20 historeschen Attraktiounen aus de Joren 1886 bis 1960 an enger ganzer Rei vun Animatiounen.

E puer Meter weider, um “Glacis”, wou zu normalen Zäiten mat de “Schueberfouer” dat gréisste Volleksfest vun der Groussregioun iwwer d’Bün geet, kommen d’Fans vu staarken Emotiounen op hir Käschten: vum 21. August bis den 12. September sinn hei all Dag vun 11.00 bis 23.00 eng Rei vun Attraktiounen ze fannen. Och d’Gastronomie ass vertrueden. Net ze vergiessen: D’Ausstellung “Mini-Schueberfouer”, déi vum 1. bis 31. August an engem Pop-Up-Store ronderëm d’Thema Kiermes an der Groussgaass ze gesinn ass. Et handelt sech dobäi ëm eng  Miniatur-Ausstellung am Moossstaf 1:87 op enger Fläch vu 16 Quadratmeter, déi Kleng a Grouss faszinéiere wäert. D’Ausstellung ass all Dag tëschent 11.00 an 18.00 op.

Weider Informatiounen

  • Wat soss nach um Summerprogramm vun der Haaptstad ënnert dem Motto “D’Stad lieft” steet, fannt Dir hei